Eventer
27.12.19 & 28.12.19 Tournoi de Noël
Hues du Loscht um Tournoi de Noël fir den LSNL am Volleyball, Basketball oder Fussball géint déi aner Cerclen unzetrieden?
Oder bass du motivéiert fir eis beim Iessen verkafen ze hëllefen?
Dann mell dech elo ënner dësem Formular un, well all Hëllef ass gebraucht!
Besonnesch ervirzehiewen ass, dass:
all Spiller seng Studentekaart muss matbréngen a virweise kennen (oder en ähnlecht Dokument ausgedréckt dobäi hunn, wat noweist, dass dir Student an der Stadt sidd fir déi dir spillt)
beim Volleyball ëmmer 2 Meedercher mussen um Terrain sinn
kee Béier an kee Glas an den Halen erlaabt ass
Hei sin déi 2 Regeldokumenter fier den Tournoi:
Mir hoffen dech den 27ten an/oder 28ten Dezember um Geesseknäppchen ze gesinn.
Bis dohin, Doei, däin LSNL
07.11.19 & 08.11.19 Cedies Studentefoire
Den 7ten an den 8ten November hunn mir wéi gewinnt erëm en Stand op der Studentefoire. Komm eis besichen an stell eis deng Froen iwwer d'Studéieren an Holland.