Intercercle

LSNL King’s Day Intercercle zu Amsterdam

Léif LSNL Memberen an Frënn vum LSNL,


Den 27. Abrëll ass et sou wäit! Dann organiséiert den LSNL säin éischten Intercercle, nämlech op King’s Day zu Amsterdam! Hei ass een klengen Virgeschmaach wat Iech erwaart: https://www.youtube.com/watch?v=JMwRW9D3WG4


Mir treffen eis ab 11h am Sarphatipark (Metrosstatioun De Pijp) an wanderen ab 13h dann den Dag iwwer Stéck fir Stéck duerch Amsterdam. Mir bleiwen via d’Facebook Event (https://www.facebook.com/events/672576474070535) an d’Whatsapp Grupp (https://chat.whatsapp.com/DCsooeDvDK2GUfUIWcNn7V) vum Event den ganzen Dag iwwer an Kontakt. Och wann een maximal eng alkoholesch Fläsch bei sech droen dierf, këmmeren mir eis drëms fir Iech den Dag iwer um Drénken ze halen.


Mir fréen eis op Iech,

Ären LSNL Comité <3

Wat soll ech undoen?

D’Nationalfaarw vun Holland ass natierlech Orange. Et ass dofir och net verwonnerlech dass jiddereen Orange ugedoen ass. Hues du näischt Oranges oder wëlls eisen coolen Intercercle T-Shirt? Dann mell dech hei an dëser Form un: https://forms.gle/JJNFu1bfxMrYB83YA

Wéi kommen ech op Amsterdam?

Wéi kommen ech op Amsterdam? Hei ginn et vill Méiglechkeeten, nämlech mam Fliger op Schiphol, mam Zuch op d'Centraal Station, mam Bus (Flixbus) oder mam Auto. Mam Auto kann een entweder eis Carpooling Grupp benotzen (https://www.facebook.com/groups/1402858443301140) oder selwer mam Auto op Amsterdam fueren. Am beschten benotzt een an dësem Fall een vun den Park&Rides (https://www.amsterdam.nl/en/parking/park-ride/) well dat bei wäitem am bëllegsten an am prakteschsten ass.

Wou kann ech iwwernuechten?

Am beschten sicht een sech sou schnell ewéi méiglech een Airbnb oder een Hotel. Mat eiser wuessender Unzuel un Lëtzebuerger Studenten kennt een och villäicht deen een oder aneren bei dem een iwwernuechten kann. Fir Leit déi awer lo guer net wëssen wou se iwwernuechten kënnen, déi kënnen eis gären perséinlech uschreiwen, dann hëllefen mir ganz gären eng Léisung ze fannen.

Wéi kommen ech zu Amsterdam ronderëm?

Am einfachsten kënnt een mat der App vun GVB ronderëm well een sech als Tourist ganz einfach kann een Ticket an der App kafen. King’s Day ass den ëffentlechen Transport haaptsächlech am Stadkär zimmlech limitéiert, benotzt dofir w.e.g. d’GVB App fir Iech ze orientéieren. Déi Deeg virdrun oder duerno sidd dir natierlech wëllkomm Iech een Vëlo ze léinen an Amsterdam op déi traditionell hollännesch Aart ze entdecken.

Op wat muss ech oppassen zu Amsterdam?

Vëlo lénks, Vëlo riets, vun iwwerall kann een Vëlo kommen. Kuckt dofir am beschten zweemol lénks an riets virun deem's dir iwwer d’Strooss gitt.

Dann ass d’Alkohol drénken (äusser op King's Day) och ëffentlech (Park, Transport, etc.) net erwënscht och wann een seelen een Protokoll dofir kritt.

Halt och w.e.g. d’Wieder am A. Amsterdam läit no um Mier an et kann zimmlech schnell naass an kal gin.

Ween gutt schwätzen kann bréngt et och villäicht fäerdeg sech op een Boot ze invitéieren. Passt dann gutt op net an d’Grachten ze falen, déi sin weder propper, nach fräi vun Vëlo’en.

Eng aner Traditioun op King’s Day sin d’Floumärt déi iwwerall organiséiert gin. Leit déi an op der Strooss hir Saachen verkafen ass also ganz normal.

Wat kann ech déi Deeg virdrun an duerno zu Amsterdam maachen?

Fir Leit déi scho méi fréi ureesen treffen mir eis King’s Night, den Dag virun King’s Day, um 21h op der Rembrandtplein. Fir déi Leit déi nach méi laang nom Intercercle wëllen/kënnen zu Amsterdam bleiwen, gin et genuch Attraktiounen déi dir Iech am Virfeld perséinlech kënnt reservéieren: Boottour, Heineken Experience, Anne Franck, eng sëllege Muséen, etc.