Home

Wëlls du eiser Facebook Grupp bäitrieden wou mir wichteg Informatiounen an Eventer posten? Oder wëlls du just eis Instagram Fotoen ukucken? Villäicht hues du och nach Froen déi net an eisem "Study in Holland" Guide beäntwert goufen? All des Plattformen fënns du op eiser Säit Kontakt.

Check reegelméisseg eis Noriichten. Hei fënns du Invitatiounen vun aneren Cerclen, Neiegkeeten vun der Acel oder wichteg Informatiounen déi Studenten vu Lëtzebuerg oder Studenten an Holland betreffen.

Bass du drun interesséiert an Holland ze studéieren oder hues nach Froen, dann lies dech duerch eisen "Study in Holland" Guide mat villen nëtzlechen Informatiounen.

Am Moment hun mir 4 Kommissiounen: Amsterdam, Den Haag, Maastricht an Rotterdam. All Kommissioun këmmert sech em Studenten an senger Stad, hëlleft hinnen bei Problemer an organiséiert Eventer fir si.

Studenten déi an enger Stad liewen déi nach keng Kommissioun huet dierfen sech natierlech beim LSNL mellen fir selwer eng Kommissioun an hirer Stad ze grënnen. Weider Informatiounen heifir fannt dir op der Kommissiounen Säit.

Den LSNL huet 2 Zorten Eventer, Cercle-Eventer an Stied-Eventer.

Cercle-Eventer sinn gréisser Eventer ewéi den Studentebal, den Tournoi de Noël oder Intercerclen. Des Eventer sinn meeschtens wärend der Summer oder der Wanter Vakanz zu Lëtzebuerg an dofir einfach accessibel fir déi meescht.

Stied-Eventer ginn vun den jeeweilegen Kommissiounen gehalen an sinn méi kleng Eventer wéi en Chill-Owend, en Pub Quiz oder eng aner gemeinsam Aktivitéit. Des Eventer sinn haaptsächlech fir Studenten aus där Stad geduecht, natierlech dierfen awer och Studenten déi no un där Stad wunnen matmaachen.