Kommissiounen
Chef: Lejla Mujkic
Lëtzebuerger Studenten: 323
Facebook Grupp: LSNL Amsterdam
Firwat een muss op Amsterdam studéieren kommen: Wonnerschéin Grachten, eng riseg international Communautéit, iwwerall kennt een mam Vëlo hin, d'Stad selwer huet enorm vill ze bidden (Kultur, Party's, etc)
Op wat een zu Amsterdam oppassen muss: Zimlech deier Wunnengen
Chef: Lee-Oscar Kremer
Lëtzebuerger Studenten: 336
Facebook Grupp: LSNL Maastricht
Firwat een muss op Maastricht studéieren kommen: Maastricht ass den Mëttelpunkt vun Europa, bitt déi noosten englesch Studien un Lëtzebuerg an dofir d'Méiglechkeet Weekends heem ze fueren, et ass eng kleng Studentestad an dofir leiert een séier nei Leit kennen déi och ni wäit fort wunnen
Op wat een zu Maastricht oppassen muss: Et ginn enorm vill Vëloen geklaut
Chef: Lisa Villani
Lëtzebuerger Studenten: 376
Facebook Grupp: LSNL Südholland
Firwat een muss an d'Provënz Südholland studéieren kommen: et ass een a ganz no un Amsterdam, et sin kleng mee dynamesch Stied mat och vill Natur (Park, Mier, Bëscher), dass een am Hertz vun Holland duerch d'Presenz vum Kinnekshaus
Op wat een an der Provënz Südholland oppassen muss: Zimlech deier Wunnengen
Deng Stad huet keng Kommissioun?
Du wëlls awer och eng Kommissioun an denger Stad hunn fir Eventer mat dengen Matstudenten organiséieren ze kennen? Dann kuck dir hei ënnendrënner eisen Prozess un fir esou eng Kommissioun beim LSNL un ze mellen.