Wichteg Informatiounen

Wou fannen ech eng Wunneng?

Zu Amsterdam huet een prinzipiell 7 Méiglechkeeten:


1) Du kriss eng Wunneng/en Zëmmer vun der Uni:

+ Ass normalerweis bëlleg

+ Wunnengen/Zëmmeren sinn normalerweis net knaschteg

- Du muss sou schnell wéi méiglech ageschriwwen sinn an dat ufroen fir eng Chance ze hunn

- Du kanns meeschtens net eraus sichen waat's de gären häss

- Däin Kontrakt leeft just fir een Joer, duerno muss de erauszéien


2) Du kriss eng Kummer via https://studentexperience.nl/en oder https://www.thestudenthotel.com:

+ Propper Wunnengen/Zëmmeren

- Ass zimlech deier

- Och hei muss de schnell ufroen, mee d'Nofro ass wéinst dem Präis net sou héich


3) Du fënns eng Wunneng an eiser Facebook Grupp:

+ Meeschtens mat aaneren Lëtzebuerger

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen

- Wunnéngen sin oft méi deier


4) Du fënns eppes eleng via https://kamernet.nl/en oder https://www.kamer.nl/en/:

+ Verschidden Präisser

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen

- Et sin oft fake Annoncen derbäi waat d'Sich méi schwéier mecht

- Vu que dass de vun Lëtzebuerg net kanns an d'Wunneng kucken muss de den Fotoen vertrauen oder op Amsterdam kucken kommen


5) Du mells dech op https://www.room.nl/en/ oder https://www.studentenwoningweb.nl/en/ un:

+ Bëlleg an propper Wunnengen/Zëmmeren

- Kascht Aschreiwungsfraisen

- Dauert 1-2 Joer bis de eng Wunneng kriss


6) Mat aaner Lëtzebuerger eng Colocatioun grënnen an eng Wunneng via Amsterl Property Agency (https://www.amstel-property.com/) fannen


7) Als éischt eng Wunneng vun 1) oder 2) kréien an dann no engem Joer eng Wunneng duerch 3) oder 4) oder 5) fannen:

+ Du kanns dech als éischt een Joer zu Amsterdam aliewen

+ Du brauchs dech net direkt em eng Wunneng ze këmmeren mee kanns dat maachen wann's de bis zu Amsterdam liefs

- Du muss no engem Joer ëmzéien


Brauch ech eng gewëssen Moyenne fir op der UvA ran ze kommen?

Prinzipiell net. Oft fënnt een dozou eng Lescht wou si hier Basic requirements ugin (Diplôme de fin d’études secondaires). Wat oft verwirrend ass dass déi Lescht och heiansdo puer Moyenne enthält, dat sinn awer Extra requirements dei prinzipiell net wichteg sinn fir ugeholl ze gin, well Holland keen Numerus Clausus huet.

Dat eenzegt wat d’Uni kéint ufroen ass dass du verschidde Fächer am leschte Joer belees (zb. Englesch a Mathe wanns du wëlls Economics studéieren).


Brauch ech en financial and study plan?

Deemno wéi kéint d’Uni dech froen dass du hinnen ee financial plan an en study plan mëss (zb PPLE op der UvA). Et ass awer och oft de Fall dass seen duerno gesot kritt et misst ee soueppes awer net ofginn.

Eventer

12.02.20 / 19:30

Léif Amsterdamer Studenten, fir dat neit Semester gutt ze starten organiséiere mir de Mëttwoch e Pool Owend! Vun 19h30 bis 21h30 sinn 1-2 Pool Dëscher reservéiert wou dir an 2er Equippe kennt géinteneen spillen. Fir dass dir net muss duuschtereg spillen, gi mir déi éischt Ronn aus.🍻 Mir freeën eis Iech de Mëttwoch an der Pool Bar ze gesinn, äre LSNL Amsterdam :)


05.12.20 / 19:45

Léif Amsterdamer Studenten, mir kéieren fir eis läscht Amsterdam'er Event vum Joer fier en Pub Quiz zereck an den Amstelhaven. Mir wäerten en Donneschden den Owend vun 19h45 uns dei Lëtzebuerger Studenten vun Amsterdam mam meeschten Wëssen (Thema to be announced) ermëttelen. Kommt laanscht an spillt an 2-3er Equippen géint déi aner Lëtzebuerger Studenten vun Amsterdam! Wann mir bis fäerdeg sinn drénken mir entweder een do, oder mir sichen eis eng flott Location wou mir den Owend kennen auskléngen loossen. Mir hoffen Iech zu genuch ze gesinn, bis dohin, ären LSNL Amsterdam :)


08.11.19 / 19:30

Léif Amsterdamer Studenten, mir sinn frou Iech op eisen Pool Owend kennen ze invitéieren. Mir wäerten en Freiden den Owend vun 19h30h bis 21h30h an der Poolbar 1-2 Pool Dëscher lounen. Kommt laanscht an spillt an 2er Equippen géint déi aner Lëtzebuerger Studenten vun Amsterdam! Wann mir bis fäerdeg sinn drénken mir entweder een do, oder mir sichen eis eng flott Location wou mir den Owend kennen auskléngen loossen. Mir hoffen Iech zu genuch ze gesinn, bis dohin, ären LSNL Amsterdam :)


09.10.19 / 20:00

Léif Amsterdamer Studenten, mir ginn an eis zweet Ronn vum Meet and Greet. Vu que dass den LSNL Iech dës Kéier finanziell net kann zur Säit stoen huet den Nic eis eng nei Location mat méi studenten-frëndlechen Präisser virgeschloen. Kommt en Mëttwoch den 9. Oktober beim Amstelhaven laanscht an genéisst en flotten Owend mat all deenen aneren Lëtzebuerger Studenten vun Amsterdam! Mir hoffen Iech zu genuch ze gesinn, bis dohin, ären LSNL Amsterdam :)


11.09.19 / 20:00

D'Amsterdam Kommissioun wëll natierlech seng Studenten kennen leieren! An dofir invitéieren mir all eis Studenten op een Béier, natierlech offréiert vum LSNL. Komm en Mëttwoch den 11. September beim Café du Luxembourg laanscht an léier an engems all déi aner Lëtzebuerger Studenten vun Amsterdam kennen! Mir hoffen Iech zu genuch ze gesinn, bis dohin, däin LSNL Amsterdam :)