Wichteg Informatiounen

Wou fannen ech eng Wunneng?

Zu Den Haag huet een prinzipiell 4 Méiglechkeeten:


1) Du kriss eng Kummer via https://studentexperience.nl/en oder https://www.thestudenthotel.com:

+ Propper Wunnengen/Zëmmeren

- Ass zimlech deier

- Och hei muss de schnell ufroen, mee d'Nofro ass wéinst dem Präis net sou héich


2) Du fënns eng Wunneng an enger Facebook Grupp (LSNL Den Haag oder Den Haag (the Hague) | Apartment, Room, House | Appartement, Kamer, Huis):

+ Méi sozial liewen, vielläicht souguer mat aaneren Lëtzebuerger (LSNL Den Haag)

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen


3) Du fënns eppes eleng via https://kamernet.nl/en, https://www.kamer.nl/en/ oder https://www.pararius.com/english:

+ Verschidden Präisser

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen

- Et sin oft fake Annoncen derbäi waat d'Sich méi schwéier mecht

- Vu dass de vun Lëtzebuerg net kanns an d'Wunneng kucken muss de den Fotoen vertrauen oder op Den Haag kucken kommen

- Agencen wéi Pararius wou et net nom first come first serve Principe funktionéiert bevirzéien heiansdo léiwer hollänesch Studenten


4) Du mells dech op https://www.room.nl/en/, https://www.studentenwoningweb.nl/en/, https://mb275.nl/en/home, https://www.geste-students.nl/ un:

+ Bëlleg an propper Wunnengen/Zëmmeren

- Kascht oft Aschreiwungsfraisen

- Kann 1-2 Joer daueren bis de eng Wunneng kriss

Eventer

04.03.20 / 19:30

Frënn vum Chillen & Grillen.

Op d’Grillen mussen mer nach puer meint verzichten dofir gedd bis dohiner aver gechillt.

Den LSNL Den Haag organiseiert sein 2t Event. Mir lueden iech all op eng Ronn Bowling an 🎳. Mellt iech also un dass mer och genuch Bunnen reserveieren.

D’Bunnen gin natielech op eis käschten😉.

Sooo... see you there🎳

- LSNL


Natielech well dei nei Den Haag Kommissioun d'Studenten kennenleieren! Dofir inviteieren mir all eis Studenten op een Béier, selbstverständlech geed deen op den LSNL. Komm nächsten Mëttwoch den 11 September bei den Bricks "Hooch & Brew" laanscht an léier an engems dei aaner Lëtzebuerger Studenten vun Den Haag kennen! Mir hoffen iech zu genuch ze gesin, bis dohin, däin LSNL Den Haag :)