Leedung

Catherine Theves

  • Chef LSNL Maastricht

  • 3. Joer International Business

  • Maastricht University

Kathleen Grandgenet

  • Co-Chef LSNL Maastricht

  • 2. Joer Economics and Business Economics

  • Maastricht University

Lee-Oscar Iglesias

  • Co-Chef LSNL Maastricht

  • 2. Joer International Business

  • Maastricht University

Wichteg Informatiounen

Wou fannen ech eng Wunneng?

Zu Maastricht huet een prinzipiell 6 Méiglechkeeten:


1) Du kriss en Zëmmer vun der Uni (UM Guesthouse):

+ et leiert een séier aaner Leit kennen déi am selwechten Gebai wunnen

- Schwéier eng ze kreien well nëmmen 400 Studioen/Zëmmeren do sin

- Meeschtens nemmen fir Exchange Students

- Deier fier dat wat et ass


2) Du kriss en Zëmmer via https://www.thestudenthotel.com oder https://www.sshxl.nl/en/select-rent-offers:

+ Propper Wunnengen/Zëmmeren

+ Du léiers séier Leit kennen

- Ass zimlech deier


3) Du fënns eng Wunneng an eiser Facebook Grupp (LSNL Maastricht):

+ WG mat aaneren Lëtzebuerger oder du iwwerhëlls en Zëmmer/Studio vun engem Lëtzebuerger deen awer vlaicht mat internationalen Leit zesummen gewunnt huet


4) Du fënns eng Wunneng via https://kamernet.nl/en, https://www.maastrichthousing.com oder https://www.stu-we.com/properties/:

+ Verschidden Präisser

- Vu dass de vun Lëtzebuerg net kanns an d'Wunneng kucken goen muss de den Fotoen vertrauen oder op Maastricht kucken kommen


5) Du gees op eng öffentlech Facebook Seit wéi Rooms/Kamer/Zimmer in Maastricht oder Maastricht Room Search:

+ Verschidden Präisse

+ all Zort vun Wunnengen (WG, Studio, Appartement)

- Et sin oft fake Annoncen derbäi waat d'Sich méi schwéier mecht

- Dauer vum Kontrakt hängt vum Zëmmer oof


6) Du gees zu Maastricht bei Agencen

+ Secher

- Kascht Aschreiwungsfraisen

- Net vill choix

Eventer

20.02.20 / 20:30

Moien alleguer,

mir hoffen dir hat e gudden Rutsch an d’Néit Joer an dass dier all dat éischt Semester gudd iwwerstanen hutt. An Éier vum Ufank vum zweeten Semester an natierlech an Éier vun KARNEVAL, organiséieren mir erëm een Event. Mir treffen eis wei ëmmer am Peter’s fir e puer Glieser ze drénken an dono geet et fir déi Motivéiert natierlech nach weider.

Mir freeën iech erëm ze gesinn,

Cheers,

Catherine & Catarina


21.11.19 / 20:30

Moien alleguer,

Mir hoffen dier hutt all är Examen iwwerstanen an erëm gutt ugefaangen! Mier loossen iech net ze laang waarden fir erëm d’Sau eraus ze loossen an hunn dofir erëm en Owend organiséiert. Mir wäerten eis erëm am Peter’s treffen an fir déi déi motivéiert sinn geet et dann dono nach weider🍻

Stay tuned,

Catarina & Catherine


15.10.19 / 20:45

Moien alleguer,

mir hoffen den Meet & Greet huet iech gutt gefall. Des kéier hunn mir eng Game Night fir iech geplangt. D‘Konzept ass dass jiddwereen vun iech e Spill matbréngt (Gemeinschaftsspill oder Drénkspill). Och des kéier kritt dir erëm 1 Gedrénks spendéiert. Ech hoffen dir sidd des kéier erem all dobai. Loosst iech net ze vill vun den Examen ofschrecken an kommt mat eis 1 drénken,

Cheers 🍻

Catherine & Catarina


26.09.19 / 20:30

Moien alleguer,

wei dier villäicht schonn matkrut mecht den LSNL en Meet & Greet. Catherine Theves an ech organiséieren den Meet & Greet vun Maastricht den 26 September um 20:30h.

Wann da dobäi wëllt sinn, klickt op „Going“. Dir krit och vun eis 1 Gedrénks spendéiert.

P.S. Den Event vum 19 ass also eng Woch méi spéit!!!!

Mir freeën eis iech all kennen ze leieren, bis dann!

Cheers 🍻