Rotterdam

Wichteg Informatiounen

Wou fannen ech eng Wunneng?

Zu Rotterdam huet een prinzipiell 3 Méiglechkeeten:


1) Du kriss eng Wunneng/en Zëmmer um campus vun der Uni, entweder vun XIOR oder HATTA:

+ Wunnengen/Zëmmeren sinn normalerweis net knaschteg

+ Bei XIOR huet een en Studio fir sech alleng (3er WG bei HATTA)

+ D'Wunnengen sin um Campus

- Et muss een sou schnell ewéi méiglech ugemellt sin well et noom first come first served Principe funktionéiert

- Däin Kontrakt leeft just fir een Joer, duerno muss de erauszéien

- D'Wunnengen sin zimlech deier


2) Du kriss eng Kummer via https://www.sshxl.nl/en/select-rent-offers:

+ Propper Wunnengen/Zëmmeren

- Och hei muss de schnell ufroen


3) Du mells dech op https://holland2stay.com/, https://www.stadswonenrotterdam.nl/en/ oder https://housinganywhere.com/s/Rotterdam--Netherlands un:

+ Bëlleg an propper Wunnengen/Zëmmeren

- Kascht Aschreiwungsfraisen

- Kann eng Zäitchen daueren bis een eng Wunneng kritt

Eventer

Date / Time

Title

Description