Leedung

Du vielläicht?

  • Hues du Loscht aaner Lëtzebuerger zu Den Haag kennen ze léieren?

  • Wells du Eventer fir deng Lëtzebuerger Kollegen organiséieren an dobäi finanziell ënnerstëtzt gin?

  • Bass du interesséiert drun ze gesinn wéi en Cercle intern funktionéiert an en wichtegen Deel vun eisem Cercle ze gin?

Dann schreif eis un, mir fréen eis dech kennen ze léieren:)

Wichteg Informatiounen

Wou fannen ech eng Wunneng?

Zu Den Haag huet een prinzipiell 4 Méiglechkeeten:


1) Du kriss eng Kummer via https://studentexperience.nl/en oder https://www.thestudenthotel.com:

+ Propper Wunnengen/Zëmmeren

- Ass zimlech deier

- Och hei muss de schnell ufroen, mee d'Nofro ass wéinst dem Präis net sou héich


2) Du fënns eng Wunneng an enger Facebook Grupp (LSNL Den Haag oder Den Haag (the Hague) | Apartment, Room, House | Appartement, Kamer, Huis):

+ Méi sozial liewen, vielläicht souguer mat aaneren Lëtzebuerger (LSNL Den Haag)

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen


3) Du fënns eppes eleng via https://kamernet.nl/en, https://www.kamer.nl/en/ oder https://www.pararius.com/english:

+ Verschidden Präisser

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen

- Et sin oft fake Annoncen derbäi waat d'Sich méi schwéier mecht

- Vu dass de vun Lëtzebuerg net kanns an d'Wunneng kucken muss de den Fotoen vertrauen oder op Den Haag kucken kommen

- Agencen wéi Pararius wou et net nom first come first serve Principe funktionéiert bevirzéien heiansdo léiwer hollänesch Studenten


4) Du mells dech op https://www.room.nl/en/, https://www.studentenwoningweb.nl/en/, https://mb275.nl/en/home, https://www.geste-students.nl/ un:

+ Bëlleg an propper Wunnengen/Zëmmeren

- Kascht oft Aschreiwungsfraisen

- Kann 1-2 Joer daueren bis de eng Wunneng kriss