Noriichten

Corona Impfung FAQ (11.06.2021)

Wou kann ech mech impfen loossen?

Als Lëtzebuerger Bierger kanns du dech natierlech zu Lëtzebuerg impfen loossen. Ween an Holland op der Gemeng ugemellt ass kann sech awer och an Holland impfen loossen.

Wéi kann ech mech impfen loossen?

Den Prozess ass nämmlecht an Holland an zu Lëtzebuerg. Wann dir un der Rei sidd dann kritt dir een Impfbréif heem geschéckt. Mat deem kann een sech dann online umellen fir geimpft ze ginn. Zu Lëtzebuerg ass dat via covid19.lu an an Holland via coronatest.nl. Ween an Holland keen DigiD huet, deen muss awer op d’Nummer am Bréif uruffen fir een Rdv ze kréien. A béiden Länner kënnt dir net entscheeden mat wéi engem Vaccin dir geimpft gitt.

Wéi laang kann ech mech impfe loossen?

An Holland gëtt et keen Oflafdatum um Impfbréif. Et kann een sech ëmmer zu all Zäitpunkt nom antreffen vum Bréif impfen loossen.

Zu Lëtzebuerg huet een just 5 Deeg Zäit fir sech een Rdv ze huelen.

Wéien Vaccin kréien ech an wéi laang ass d’Period zwëschend 2 Dosen?

An Holland an zu Lëtzebuerg kritt een bei der normaler Impfung den Pfizer/Biontech oder den Moderna Vaccin. An Holland dauert et 6 Wochen an zu Lëtzebuerg 4 Wochen zwëschend béiden Impfungen.

Zu Lëtzebuerg kann een sech awer och op eng speziell Lëscht aschreiwen fir den Astrazeneca an den Johnson Vaccin.

Kann ech eng zweet Sprëtz an deem aneren Land kréien?

Jo dat geet an béiden Länner. Zu Lëtzebuerg geet dat via d’Helpline +352 247-65533 an an Holland via fd23.formdesk.com/rivm/covid-19aanvraagformuliertweedevaccinatie.

An dësem Fall muss dir bei ärer éichter Impfung Bescheed soen dass dir är zweet Impfung an engem aneren Land kritt an an deem aneren Land direkt är zweet Impfung ufroen. Verhalt och onbedéngt wéien Vaccin dir als éischt krut fir an deem aneren Land deen nämmlechten Vaccin ze kréien.

Wéi leeft daat mam EU Digital COVID Certificate (DCC)?

An béiden Länner gëtt et eng App wou den EU DCC agebaut gëtt. Zu Lëtzebuerg fënnt een dës App op covidcheck.lu an an Holland op coronacheck.nl. Do huet een dann 2 QR Coden, een fir Lokal an een fir International. Den internationalen QR Code soll an béiden App’en ab Ufank Juli agebaut sinn.


Falls dir nach weider Froen hutt, dann zeckt net ons ze schreiwen!

FAQ Corona Rees Restriktiounen (Update 10.06.2021)

Corona Rees Restriktiounen (Quarantän, Transit duerch d’Belge,…) FAQs:

Wéi eng Dokumenter soll ech ëmmer dobäi hunn?

Mir roden dir un déi folgend Dokumenter ëmmer bei dir am Auto ze hunn: Mietvertrag, Certificat of Enrollment, Studentekaart a Carte d'Identité. Vergiess och net en Certificat de Résidence vun denger Gemeng matzehuele falls du erëm zeréck op Lëtzebuerg fuere wëlls.

Gin et gewësse Reegele beim Transit duerch d’Belge?

Den Transit duerch d’Belge ass erlaabt. Hei rode mir dir un dëst Dokument vum ACL reegelméisseg ze kucken: https://www.acl.lu/getmedia/2a97c802-c817-46d6-a39b-ad6f54297cb7/Corona-Conditions-d-entree-pour-luxembourgeois.pdf

Muss ech a Quarantän?

Arees an Holland: Nee, du muss net a Quarantän.

https://www.government.nl/topics/coronavirus-covid-19/visiting-the-netherlands-from-abroad/eu-list-of-safe-countries

Arees op Lëtzebuerg: Nee, du muss net a Quarantän.

Brauch ech een negative PCR Test?

Arees an Holland: Nee.

https://www.government.nl/topics/coronavirus-covid-19/visiting-the-netherlands-from-abroad/eu-list-of-safe-countries

Arees op Lëtzebuerg: Wanns du mam Auto, Bus oder Zuch fiers muss du keen negative PCR Test virweisen. Wanns du mam Fliger zréck op Lëtzebuerg flitts brauchs du en negative PCR Test (max. 72h).

https://covid19.public.lu/fr/voyageurs/visiter-luxembourg.html


Falls dir nach weider Froen hutt, dann zeckt net ons ze schreiwen!

Lëtzebuerg als "Giel" agestuft (09.06.2021)

Léif Studenten,

Lëtzebuerg gëtt ab muer op "Giel" erofgestuuft an ass domadder keen Héichrisikogebitt méi:

https://www.rijksoverheid.nl/.../vakantiereizen-naar-meer...

Dat bedeit dass den obligatoreschen PCR Test an déi ugeroden Quarantäne déi fir Risiko- an Héichrisikogebitter gëllen wech falen:

https://www.rijksoverheid.nl/.../reizen-naar-nederland...

https://www.government.nl/.../eu-list-of-safe-countries

Mir hoffen dass d’Situatioun lo sou bléift, mais falls sech eppes ännert soen mir iech Bescheed!

Äre LSNL

Obligatoreschen PCR Test (06.06.2021)

OPGEPASST

Léif Studenten,

et ass mëttlerweil och obligatoresch ee PCR Test (max. 72h) ze hunn wann ee mam Auto an Holland areest vue dass Lëtzebuerg net op der Lescht vun den "safe countries" steet: https://www.government.nl/.../mandatory-negative-test...

Et ginn och verschidden Ausname wou ee keen Test brauch, mais zb am Fall vun "cross-border worker, student and schoolchild" brauch een dann trotzdeem awer eng Health Declaration*: https://www.government.nl/.../mandatory.../exemptions

*UPDATE: Onsen Informatiounen no muss ee momentan just sou eng Health Declaration ausfëlle wann ee mam Fliger areest, dh déi Leit déi ënnert d'Ausnam vun "cross-border worker, student and schoolchild" fale misste kee Probleem hunn.

Ënnert gewëssene Konditioune kennt dir och en Covid-19 Voucher fir en Large Scale Test bei der ACEL ufroen: https://covid19.acel.lu/lu/

Bei weider Froe sti mir iech gären zu Verfügung,

äre LSNL

Zweet Phase Oplockerungen (19.05.2021)

Léif Studenten,

Ab haut trëtt Holland an déi zweet Phase vun den Lockerungen. Dat heescht dass:

- Fitness Zenteren erëm ënner strengen Reegelen dierfen opmaachen

- Fräizäitparken am Bausseberäich ewéi Zoo'en, Naturparken, Konschtausstellungen erëm dierfen opmaachen

- Café'en an Restaurant'en elo vun 6:00 bis 20:00 dierfen op hiren Terrassen zervéieren

All d'Informatiounen fann dir hei: https://www.government.nl/.../step-2-indoor-sports...

Mir hoffen dir bleift positiv an test negativ,

Ären LSNL

Éichte Schratt Oplockerungen (20.04.2021)

Léif Studenten,

Déi hollännesch Regierung huet haut deen éischten Schrëtt a Richtung Oplockerung annoncéiert.

Mir wëllen awer drop hiweisen dass des Oplockerung eng grouss Bierger-Verantwortung mat sech dréit an hoffen dass dir dësen Schratt serieux huelt.

Ab en Mëttwoch den 28ten Abrëll:

- ass d'Ausgangsspär opgehuewen

- dierf een bis zu 2 Persounen bei sech Heem invitéieren

- dierfen Terrassen vun 12:00 bis 18:00 op sinn an et dierf een mat maximal enger Persoun aus engem aneren Haushalt op engem Dësch setzen

- dierfen net-essentiell Geschäfter ouni Rendezvous mee ënner strengen Reegelen rëm op sinn

- dierfen Studenten eng Kéier pro Woch live Uni hunn

Déi genau Informatiounen fann dir hei: https://www.government.nl/.../step-1-shops-and-outdoor...

Mir hoffen dir bleift gesond an monter,

Ären LSNL

Verlängerung Lockdown (23.03.2021)

Léif Studenten,

Wéinst dem Ufank vun der 3ter Coronawell an deenen dozou gehéierenden erhéichten Infektiounszuelen ass den Lockdown ewéi bei eisen Nopeschlänner verlängert gin, an eisem Fall bis den 20ten Abrëll.

Ab dem 31ten Mäerz gëtt d'Ausgangsspär awer op 22:00 verluecht.

Mir verstinn dass dës Situatioun vun Dag zu Dag méi schwéier ze supportéieren gëtt, an probéieren Iech no dëser Examen's Woch weider mat online Eventer zesummen ze bréngen.

Mir wënschen Iech vill Kraaft, zesummen packen mir et duerch dës Zäit.

Ären LSNL

Oplockerungen Covid19 (23.02.2021)

Léif Studenten,

Den Owend sinn en puer Oplockerungen decidéiert ginn déi ab dem 3. Mäerz gëllen:

- Kontakt-Aarbechter ewéi Coiffeuren dierfen erëm op rendez-vous an mat Maskepflicht schaffen

- Boutiquen dierfen 2 Leit pro Stack an mat op mannst 4h am viraus e rendez-vous eran loossen

- Club Training ass erëm erlaabt fir Spiller ënner 27 Joer

D'Ausgangsspär ass bis op weideres verlängert bis op mannst den 15. Mäerz.

Déi genau Informatiounen kënnt dir hei noliesen: https://www.government.nl/.../more-breathing-space-in...

Mir bieden Iech och nach eng Kéier all d'Basis Regelen hei duerchzeliesen: https://www.government.nl/.../basic-rules-for-everyone

Mir hoffen dir bleift gesond an monter,

Ären LSNL

Virtuellen Student fir 1 Daag (16.02.2021)

Léif Studenten,

Dëse Weekend fënnt de virtuelle Student fir 1 Dag vun der ACEL statt an de LSNL ass natierlech och dobäi.

De Samschden den 20. Februar hues du vun 10:00-12:00 Auer d’Méiglechkeet ROTTERDAM kennen z’entdecken. Onse President, den Thomas N., an de Chef vum LSNL Rotterdam, den Thomas M., wäerten iech de LSNL an d'Stad Rotterdam (Uni, Studente Liewen,...) iwwert Zoom virstellen.

Falls du wëlls deelhuele kanns du dech nach iwwert de folgende Link umellen: https://acel.lu/umeldung-vsf1d

Mir freeën ons drop dech kennen ze leieren!

Doei,

Äre LSNL

Alerte Rouge (06.02.2021)

Léif Studenten,

Ab Mëtternuecht gëllt an Holland Alerte rouge wéinst den opkommenden Wiederbedingungen. D'Temperaturen falen bis ënnert -5° an duerch verstäerkten Wand kann et gären zu Schnéistierm an veräisten Stroossen kommen. Et ass ugeroden doheem ze bleiwen an sech net ze deplacéieren.

Genau Informatiounen fannt dir hei: https://nltimes.nl/.../dutch-issue-code-red-weather-alert...

Passt op Iech op,

Ären LSNL

General Versammlung (03.02.2021)

Léif Studenten,

Fir déi déi Loscht hunn dem LSNL Comité bäizetrieden oder emol en Bléck an d'Organisatioun vum LSNL wollten geheien ass hei den Link fir eis Wanter General Versammlung den Owend um 21:00 via Zoom:

https://vu-live.zoom.us/j/93690276966...

Meeting ID: 936 9027 6966

Passcode: lsnl2021

Mir bieden Iech fir ären Virnumm an den éischten Buschtaf vun ärem Nonumm ze benotzen (z.B. Max M. fir Max Mustermann).

Mir hoffen e puer nei Gesiichter den Owend ze gesinn,

Ären LSNL

Lockdown Verlängerung (03.02.2021)

Léif Studenten,

op der Pressekonferenz vu gëschter Owend gouf decidéiert dass de Lockdown an Holland bis den 2. Mäerz verlängert gëtt. Op dëser Foto fannt dir nach eng kéier den Iwwerbléck vun den aktuelle Reegelen.

Mir hoffen dir bleift gesond a monter,

Ären LSNL

Tried dem Comité bäi (29.01.2021)

Hues du Loscht en Deel vum LSNL Comité ze ginn?

Wëlls du hëllefen en Cercle ze féieren an wichteg Aufgaben iwwerhuelen?

Oder villäicht bass du interesséiert ze gesinn wéi eng Leit dech wöchentlech um aktuellen Stand vun den Covid Reegelen halen?

Dann huel deel un eiser online Wanter General Versammlung déi en Mëttwoch den 3. Februar um 21 Auer via Zoom gehalen gëtt.

Den Zoom Link wäerten mir puer Stonnen virun der General Versammlung publizéieren.

Bis en Mëttwoch um 21 Auer.

Doei, däin LSNL

Net-essentiel Reesen an d'Belsch (26.01.2021)

Léif Studenten,

Déi belsche Regierung huet erëm entscheet fir net-essentiell Reesen an d'Belsche bis den 1. Mäerz ze ënnersoen: https://www.belgium.be/.../le_comite_de_concertation_se...

Dofir roden mir Dir erëm un bei all Rees duerch d'Belsche däin Mietvertrag, däin Certificat of Enrollment, deng Studentekaart an deng Carte d'Identité derbäi ze hunn.Vergiess och net en Certificat de Residence vun denger Gemeng matzehuelen falls du erëm op Lëtzebuerg zeréck wëlls fueren.

Ween seng Dokumenter net direkt fannen kann an d'Cedies Bourse schonn online ausgefëllt huet kann sech seng Dokumenter einfach vum MyGuichet Site eroflueden.

An wien op Nummer secher well goen, kann d'"Déclaration sur l'Honneur" vum belschen Ministère äusfëllen: https://d34j62pglfm3rr.cloudfront.net/.../20210126_BU...

Mir hoffen dir bleift gesond an monter,

Ären LSNL

Äusgangsspär (22.01.2021)

Léif Studenten,

Hei sinn déi 3 nei wichtegst Reegelen:

- Ab muer gëllt déi nei Ausgangsspär vun 21:00 bis 4:30

- Et dierf een just nach 1 Persoun heem invitéieren

- Wien mam Fliger areest muss nierwend dem 72h PCR Test elo och een 4h Rapid Covid Test virweisen

Liest Iech weg all d'Reegelen hei duerch: https://www.government.nl/.../lockdown-measures-tightened...

Passt op: Am Text steet 20:30, dat ass falsch. Déi richteg Zäit ass 21:00.

Mir hoffen dir bleift positiv an test negativ.

Ären LSNL


Obligatoreschen PCR Test (27.12.2020)

OPGEPASST léif Studenten,

Déi hollännesch Regierung huet decidéiert fir en obligatoreschen Beweis vun engem negativen Covid19 PCR Test ab en Dënschden den 29. Dezember anzeféieren. Dës Mesure gëllt fir all Persoun déi mat Zuch, Bus oder Fliger aus engem Risiko-Land areest, wat am Moment déi ganz EU an dofir och Lëtzebuerg betrëfft. Hei kennt dir déi nei Mesure duerchliesen: https://www.government.nl/.../people-arriving-from-eu...

Wann dëst op Iech zoutrefft, dann bieden mir Iech sou séier ewéi méiglech en Test unzefroen, dëst kennt dir entweder bei der ACEL oder beim MyGuichet maachen:

- ACEL: https://acel.lu/2020/08/05/covid-19-voucher-fir-studenten/

- MyGuichet: https://guichet.public.lu/.../test-voyage-sejour-etranger...

Den Zäitpunkt vun dëser Mesure ass enorm ongënschteg an wann Iech dëst an eng schwiereg Situatioun setzt, dann zéckt net eis ze schreiwen, mir hëllefen Iech gären eng Léisung ze fannen.

Bleift gesond an monter,

Ären LSNL

5 Wochen Lockdown (15.12.2020)

Léif Studenten,

Ab haut geet Holland fir 5 Wochen bis den 19. Januar an en Lockdown, dat heescht:

- alles ass zou ausser déi wichtegst Geschäfter (Supermarché, Drogerie, etc..)

- et dierf een just nach 2 Leit invitéieren an sech dobaussen mat 1er Persoun aus engem aneren Haushalt ophalen

- all d'Schoulen inklusiv Uni'en sinn zou, ausser fir wichteg Examen déi nach dës Woch statt fannen

Mir bieden Iech déi nei Reegelen hei duerch ze liesen: https://www.government.nl/.../lockdown-in-order-to...

Et gëtt och ugerooden net an d'Ausland ze fueren an op net-essentiell Reesen ze verzichten. Et ass awer natierlech erlaabt fir Chrëschtdag heem bei d'Famill ze fueren an duerno erem zeréck op d'Uni. Wéi ëmmer roden mir iech un fir en Beweis derbäi ze hunn dass dir zu Lëtzebuerg wunnt wann dir op Lëtzebuerg fuert an vice-versa. Des Weideren gëllt d'10 Deeg Quarantän nach ëmmer wann een zeréck an Holland kënnt well Lëtzebuerg nach ëmmer als Risikogebitt agestuuft ass.

Eis ass och kloer dass verschiddener vun Iech fir Praktiken op d'Uni mussen, wéi är Uni dat no den Feierdeeg handelt muss dir perséinlech vun ärer Uni erausfannen.

Den LSNL Comité wënscht Iech all schéin an erhuelsam Feierdeeg.

Bleift gesond an monter,

Ären LSNL

LSNL @ Studentefoire (12.11.2020)

Léif Studenten,

De LSNL huet en Online Stand op der digitaler Studentefoire déi haut a muer stattfënnt: https://studentefoire-goes-digital.lu/en/stand/visiting/205

Wann dir Froen zum Studium an/oder Liewen an Holland hutt oder wëllt méi iwwert de LSNL wëssen, dann zeckt net fir bis laanscht ze kommen!

Studenten aus Amsterdam, Maastricht a Rotterdam stinn iech déi 2 Deeg och iwwert Teams zu Verfügung fir op all Froen z'äntwerten: https://www.lsnl.info/studentefoire-2020

Mir freeën ons drop nei Studente kennen ze leieren!

Doei,

Ären LSNL

Verschärften Corona Reegelen (03.11.2020)

Léif Studenten,


Fir provisoresch 2 Wochen ginn d'Corona Reegelen an Holland elo nach eng Kéier verschäerft.

Wichteg ze bemierken ass dass:

- Een gebieden ass souvill ewéi méiglech doheem ze bleiwen

- Besuch pro Dag op 2 Leit weider limitéiert gëtt

- Een sech ausserhalb vun doheem mat maximal 1 Persoun aus engem aneren Stot ophalen dierf

- Musé'en, Kino'en, Schwämmen, ëffentlech Bibliothéiken, etc op Weideres zou sinn

- Sport mat/bei aneren Leit op en minimum soll reduzéiert ginn

Liest Iech weg all d'Reegelen hei duerch: https://www.government.nl/.../temporary-tightening-of...

Bleift gesond an monter, an passt op Iech op,

Ären LSNL

10 Deeg Quarantän (22.10.2020)

Léif Studenten,

Den hollänneschen Ausseministère huet Lëtzebuerg wéinst den klammenden Infektiounszuelen als Risikogebitt deklaréiert an orange agestuuft.

Dëst huet als Konsequenz dass jiddereen deen ab elo vun Lëtzebuerg an Holland reest 10 Deeg an Quarantän muss, och wann een en negativen Test huet.

D'Quarantän Reegelen an weider Informatiounen fannt dir op dëser Säit: https://www.government.nl/topics/coronavirus-covid-19/tackling-new-coronavirus-in-the-netherlands/travel-and-holidays/self-quarantine

Mir wëllen och drop hiweisen dass des Quarantän dierf ënnerbrach ginn wann een innerhalb vun deenen 10 Deeg erëm zeréck op Lëtzebuerg muss fueren. Weider Reegelen fir d'Ënnerbriechen vun der Quarantän fannt dir op dëser Säit: https://www.government.nl/topics/coronavirus-covid-19/tackling-new-coronavirus-in-the-netherlands/travel-and-holidays/when-you-dont-have-to-self-quarantine

Mir bieden Iech och nach eng Kéier Iech un d'Reegelen ze halen, är Hänn reegelméisseg ze wäschen, souvill ewéi méiglech ären Mask unzedoen, ëmmer 1.5m Ofstand ze halen an Iech testen ze loossen soubal dir Symptomer bemierkt. Liest Iech weg all d'Reegelen op dëser Säit nach eng Kéier duerch: https://www.government.nl/topics/coronavirus-covid-19/tackling-new-coronavirus-in-the-netherlands

Bleift gesond an monter,

Ären LSNL :)