Study in NL
Oft gestallten Froen
Op wat muss ech bei der Applikatioun oppassen?
Hei sinn e puer wichteg Punkten:
Fänk sou schnell ewéi méiglech un. Déi meeschten Uni'en hunn eng Deadline entweder den 1. Abrëll oder den 1. Mee.
Onofhängeg dovunner verginn déi meeschten Uni'en hir limitéiert Unzuel un Studentewunnengen nëmmen un Studenten déi ugemellt sinn. Wann's du eng gutt Chance op eng Wunneng vun der Uni wëlls hunn dann mell dech sou séier ewéi méiglech un.
Dat nämmlecht gëllt fir den Englesch Test. Haaptsächlech Research Universitéiten hätten gären dass nei Studenten am Besetz vun engem Toefl, IELTS oder engem Cambridge Certificate sinn. Sou Tester ginn awer net all ze oft gemaach an sinn schnell besat, dofir maach och esou een Test mat Zäiten. Verschiddenen Uni'en geet den B2 um Lëtzebuerger Diplom duer, aaner Uni'en wëllen onbedengt en Toefl, IELTS oder en Cambridge Certificate gesinn. Am beschten ass et dass een dat nofreet befier een déi 200€-300€ ausgëtt.
Waat ennerscheed en Studium an Holland vun aaneren Länner?
Méi Perioden am Joer ewéi an aneren Länner
Déi meeschten Uni'en an Holland hunn 6 Perioden am Joer an déi meeschten Héichschoulen 4 Perioden am Joer. Fir dass du dir dat besser bildlech virstellen kanns hun mir hei den akademeschen Kalenner vun der Uni Maastricht an den akademeschen Kalenner vun der Héichschoul vun Amsterdam verlinkt.
Wat sinn d'Virdeeler vun méi Perioden?
Et huet een manner Cours'en zur nämmlechter Zäit an et kann een sech dofir besser op een spezifesche Sujet konzentréieren
Et huet een manner Examen beieneen an dofir kann een sech besser op een spezifesche Examen konzentréieren
Et huet een wéineg Chance fir ze prokrastinéieren well deen nächsten Examen ass ni wäit fort
Wat sinn d'Nodeeler vun méi Perioden?
Haaptsächlech Uni'en hunn wéineg fräi Perioden am Verglach zu aneren Länner well soubal eng Period eriwwer ass fänkt déi nächst Period schonn un
Wann een d'Wantervakanz ausschléisst dann huet een minimum all 8 Wochen Examen wat fir verschidden Leit stresseg kann ginn. Mat Midterms wéi et bei Economics and Business Economics op der UvA den Fall ass kann een souguer all 4 Wochen Examen hun
Zimlech all Uni an Héichschoul huet en BSA
Den BSA, Binding Study Advice, läit meeschtens zweschend 40ECTS an 50ECTS, ofhängeg vun Uni an Studium. Den BSA gëtt fir wéivill ECTS, European Credits, en Student an deem éischten Joer muss kréien fir an dat 2. Joer zougelooss ze ginn. Op deenen meeschten Uni'en ass et esou dass en Student deen den BSA knapps net erfëllt säin Bachelor op där Uni fir eng Rei Joer net nach eng Kéier dierf ufänken, en aneren Bachelor ass awer erlaabt. Falls en Student den BSA wäit net erfëllt kann en souguer vun der Uni verwisen ginn an dierf iwwerhaapt keen aneren Bachelor méi op där Uni ufänken.
Méi deier
D'Unien an Holland hun normalerweis alleguer déi nämlecht Tuition Fees déi dëst Joer bei 2143€ läit an pro Joer ëm 30€ - 50€ erop geet. Dëst ass méi deier ewéi an deenen meeschten Europäeschen Länner, ween awer d'Bourse vum Cedies ufreet kritt 1000€ dovuner zeréck, sou dass een eigentlech just 1143€ bezillt.
Op wat muss ech bei der Wunnengssich oppassen?
Wann's du an Holland, haaptsächlech an deenen groussen Stied, eng Wunneng sichs dann pass gutt op. Wann den Präis/Quadratmeter vun enger Wunneng wäit ënnert der Moyenne läit dann ass et mat grousser Wahrscheinlechkeet en Scam. Sou Scam's befannen sech haaptsächlech op Säite wou Leit selwer hir Wunnengen kennen ubidden.
Wou fannen ech eng Wunneng?
Fir eis Kommissiouns-Stied Amsterdam, Den Haag, Maastricht an Rotterdam hun mir heifir en extra Abschnitt op hirer Kommissiouns Säit.
Fir all déi aaner Stied hun mir all eis zur Verfügung stoend Informatiounen op eiser Wunnengen Säit regroupéiert.
Muss ech mech bei der Gemeng umellen?
Jo, wanns du méi laang ewéi 4 Méint an Holland wunns, muss du dech an enger Basisregistréierungsdate-bank („Basisregistratie Personen“ oder BPR) an der Gemeng, wou's du wunns, androe loossen. Dëst kanns du ganz einfach mat denger Carte d’identité oder dengem Pass maachen. Du kriss dann och eng Burger Service Nummber (BSN) waat sougesinn déi hollänesch Sozialnummer ass. Des BSN Nummer bräuchs du zum Beispill wanns du schaffen wells oder en holläneschen Bankkonto wells opmaachen.
Wéi ass den ëffentlechen Transport?
Den ëffentlechen Transport an Holland ass zimmlech deier, dofir roden mir dir un fir op enger Platz ze wunnen wou's du mam Vëlo kanns bei déi wichtegst Platzen fueren. En Vëlo kritt een an Holland oft schonn ab 50€ an ass definitiv en Investment wäert.
Den Pendant zu mobilitéit.lu ass an Holland 9292.nl. Hei kriss du och direkt d'Präisser vun allen Trajeten ugewisen. Du kanns dir op 9292.nl och d'Abonementer fir den ëffentlechen Transport ukucken, mee déi sinn oft just fir spezifesch Linnen an lounen sech oft just wann een déi Linn och op mannst 4 mol an der Woch fiert.
Den ganzen hollänneschen Transport baséiert op der OV-Chipkaart. Mat dëser muss een sech all Kéier an an aus-checken fir den ëffentlechen Transport ze benotzen. Des Kaart kann op all Statioun opgelueden ginn an et kann een se hei bestellen: https://www.ov-chipkaart.nl/home-1.htm#/
Op wat muss ech mat mengem Auto oppassen?
Wichteg ze wëssen ass dass d'Autobunn zwëschend 6:00 an 19:00 op 100 km/h limitéiert ass. Owes an Nuets dierf een awer 130 km/h fueren.
Wéi kommen ech vun Lëtzebuerg an Holland?
Mam Auto
Heifir hun mir eis Carpooling Facebook Grupp https://www.facebook.com/groups/1402858443301140 wou's du nofroen kanns op een dech mat op d'Uni kann huelen.
Mam Zuch
Fir an Holland ze reesen ass d'CFL natierlech déi éicht Wiel. Wien op Maastricht wëll deen kann d'CFL op Liege-Guillemins huelen an Studenten an richtung Amsterdam oder Rotterdam huelen d'CFL op Arlon.
Mat der SNCB geet et dann fir Maastricht Studenten riicht weider op Maastricht. Studenten an richtung Amsterdam an Rotterdam huelen d'SNCB do dergéint fir op Bréissel.
Zu Bréissel ukomm huet een dann 2 Méiglechkeeten. Fir déi méi gemittlech Studenten bidd d'NS en International Intercity Direct vun Bréissel op Amsterdam un deen och zu Rotterdam stoen bleift. Studenten déi zäitlech begrenzt sin kënnen awer och den Thalys huelen. Genau ewéi den International Intercity Direct vun der NS huet och den Thalys Amsterdam als Endstatioun an bleift och zu Rotterdam stoen, en ass halt just méi schnell.
Mam Bus
Mat Flixbus kann een ënner aanerem bëlleg op Amsterdam, Delft, Eindhoven, Groningen, Leiden, Maastricht, Rotterdam oder Den Haag fueren.
Mam Fliiger
Fir Studenten déi zu Amsterdam studéieren an net laang wëllen am Auto setzen bidd d'KLM en Direktflug Amsterdam - Lëtzebuerg un. Wien fréi genug bucht kann en Hin- an Zeréckflug vir ënner 200€ fannen.
Brauch ech eng hollänesch Telefonsnummer oder en holläneschen Bankkonto?
Daat hänkt ganz dovuner oof waats du an Holland vir hues. Vill vun eisen Studenten hun eis gesoot dass se während hiren ganzen Studien keng hollänesch Telefonsnummer oder en holläneschen Bankkonto gebräucht hun. Verschidden Entreprisen, Fitness-Centeren, etc. verlaangen awer eng hollänesch Telefonsnummer bzw en holläneschen Bankkonto. Wanns du an Holland wells schaffen dann bräuchs du normalerweis béides. Am einfachsten ass et sech an Holland anzeliewen an dann "as you go" eng Telefonsnummer an en Bankkonto unzefroen wanns du se bräuchs.
Waat ass huurtoeslag/rental allowance?
An Holland kann een ënner verschiddenen Konditiounen Huurtoeslag ufroen. Wann een des Konditiounen erfëllt dann kritt een vum hollänneschem Staat en Deel vun der Rent déi een fir d'Wunneng bezilt zeréck.
Déi wichtegsten Konditiounen sin:
mei jonk wei 23:
- deng Wunneng muss zweschen 225,08€ an 517,34€ pro Mount kaschten
- du dierfs net méi wei 22.400€ pro Joer verdengen
- däin eegen Vermeigen däerf max. 30.000€ sinn (kann den holläneschen Staat awer schlecht kontrolléieren)
23 Joer oder mei all:
- deng Wunneng muss zweschen 225,08€ an 710,68€ pro Mount kaschten
- du dierfs net mei wei 22.400€ pro Joer verdengen
- däin eegen Vermeigen däerf max. 30.000€ sinn
Déi genau Konditiounen kanns du dir op dësem Site ukucken: https://www.belastingdienst.nl/wps/wcm/connect/nl/toeslagen/content/kan-ik-huurtoeslag-krijgen an op dëser Säit https://www.belastingdienst.nl/rekenhulpen/toeslagen/ kanns du berechnen op's du des Konditiounen erfëlls an wéi vill Suen's du kanns zeréck kréien.
Wat zesummewunnen ugeet, muss et nach ëmmer ee Studio sinn mee et ass méiglech huurtoeslag ze kréien och wann een zu 2 ass. Wann den Matbewunner awer lo zum Beispill iwwer dem Montant deen virginn ass verdéngt, gëtt däin huurtoeslag no ënnen ajustéiert.
Wichteg ze wessen ass och dass een Huurtoeslag net mat engem lëtzebuergeschem Konto ufroen kann. Daat geet zwar fir eis Däitsch an eis Belge Noperen, lëtzebuergesch Konten gin awer net akzeptéiert. Gratis Studentekonten kritt een awer natierlech bei der ING an bei ABN Amro.
Wann's du en Problem mam hollänneschem hues dann kanns du eis natierlech kontaktéieren an dann kënnen mir dir hëllefen.
Laut eisen Informatiounen beaflosst den huurtoeslag d'Bourse vum Cedies net wëll den Kontrakt awer de richtege Loyer ugëtt a net mat a bezitt wat den hollänneschen Staat dem Student un Sue gëtt.
Brauch ech an Holland eng Krankenversecherung?
Wanns du just an Holland studéiers dann bräuchs du keng extra Krankenversecherung. An desem Fall geet déi Lëtzebuergesch/Europäesch Krankenversecherung duer. Dest ännert awer wanns du an Holland wells schaffen, kuk heifir "Kann ech an Holland schaffen?".
Ech kruut en Bréif vum CAK iwer d'Wlz, waat ass daat?
An Holland muss jidereen eng Krankenversecherung hun. Den CAK ass en Corps vum Gouvernement deen dofir do ass fir secher ze goen dass jidereen deen an Holland lieft eng Krankenversecherung huet. Wanns du dech op enger hollänescher Gemeng umells dann wees den CAK natierlech net dass du eng Lëtzebuergesch/Europäesch Krankenversecherung hues. Dann kann et sinn dass du en Bréif vum CAK kriss deen dech iwer d'Wet langdurige zorg (Wlz) informéiert an dech dozou oprifft entweder eng hollänesch Krankenversecherung ofzeschléissen oder ze beweisen dass du säit denger Umeldung an Holland zu Lëtzebuerg krankenversechert bass. An desem Fall brauchs du hinnen einfach all deng Certificates of Enrollment an en Scan vun der Récksäit vun der Carte de sécurite sociale ze schecken. Falls daat net duer geet dann kriss du en Bréif zeréck gescheckt an dann kanns du bei hinnen uruffen fir nozefroen waat feelt.
Kann ech an Holland schaffen?
Jo du kanns an Holland als Student schaffen. Du bräuchs an desem Fall awer eng hollänesch Krankenversecherung, déi lëtzebuergesch geet dann net méi duer. Fir ronn 100€-120€ kriss du eng basic Krankenversecherung and du kanns beim Belastingsdienst Zorgtoeslag unfroen an kriss dann bis zu 94€ den Mount vum holläneschem Staat zeréck.
Wou fannen ech nach weider Info'en?
Hei hun mir nach puer Websiten déi dir nach kennen weider hellefen:
Cedies Info: https://cedies.public.lu/fr/etudier-etranger/hollande/etudes_superieures_aux_pays_bas.html
Cedies Info Fiche: https://cedies.public.lu/dam-assets/pictures/pdf-publications/differents-pays-etudes/studying-in-Holland2019.pdf
Weider Top Info'en: https://www.topuniversities.com/where-to-study/europe/netherlands/guide
All Bachelor Degrees an Holland: https://www.bachelorsportal.com/countries/1/netherlands.html
Grënnung vum LSNL: https://www.journal.lu/top-navigation/article/lockeres-lebensgefuehl