Wunnengen
Generell
An deenen meechten Stied huet een prinzipiell 6 Méiglechkeeten:
1) Du kriss eng Wunneng/en Zëmmer vun der Uni:
+ Ass normalerweis bëlleg
+ Wunnengen/Zëmmeren sinn normalerweis net knaschteg
- Du muss sou schnell wéi méiglech ageschriwwen sinn an dat ufroen fir eng Chance ze hunn
- Du kanns meeschtens net eraus sichen waat's de gären häss
- Däin Kontrakt leeft just fir een Joer, duerno muss de erauszéien
2) Du kriss eng Kummer via an engem privaten Student Housing Gebei ( Studentexperience, Thestudenthotel, XIOR, etc...):
+ Propper Wunnengen/Zëmmeren
- Ass zimlech deier
- Och hei muss de schnell ufroen, mee d'Nofro ass wéinst dem Präis net sou héich
3) Du fënns eng Wunneng an eisen Facebook Gruppen:
+ Meeschtens mat aaneren Lëtzebuerger
+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen
4) Du fënns eppes eleng via https://kamernet.nl/en, https://www.kamer.nl/en/, https://www.pararius.com/english oder https://www.nestpick.com:
+ Verschidden Präisser
+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen
- Et sin oft fake Annoncen derbäi waat d'Sich méi schwéier mecht
- Vu que dass de vun Lëtzebuerg net kanns an d'Wunneng kucken muss de den Fotoen vertrauen oder op Amsterdam kucken kommen
5) Du mells dech op https://www.room.nl/en/, https://www.studentenwoningweb.nl/en/, https://holland2stay.com/, https://www.roomplaza.com un:
+ Bëlleg an propper Wunnengen/Zëmmeren
- Kascht Aschreiwungsfraisen
- Kann eng Zäitchen daueren bis een eng Wunneng kritt
6) Als éischt eng Wunneng vun 1) oder 2) kréien an dann no engem Joer eng Wunneng duerch 3) oder 4) oder 5) fannen:
+ Du kanns dech als éischt een Joer op der Uni aliewen
+ Du brauchs dech net direkt em eng Wunneng ze këmmeren mee kanns dat maachen wann's de dech bis an denger Stad agelieft hues
- Du muss no engem Joer ëmzéien
Groningen
1) Am beschten an Facebook Gruppen sou fréi wéi méiglech sichen an nofroen
2) The Village Groningen: https://www.thevillagegroningen.nl/
3) SSH Student Housing: https://www.sshxl.nl/en/select-rent-offers
4) WoningNet: https://www.woningnetgroningen.nl
Eindhoven
1) Op Facebook no "Housing Eindhoven" sichen an sech an deenen Gruppen déi opkommen mellen
2) Kamernet: https://kamernet.nl/huren/kamer-eindhoven oder Vestide: https://vestide.nl/nl/vind-je-kamer/
Den Problem bei desen 2 Websäiten ass dass een op der Waardelëscht gären mol laang festsetzt
3) Kamer (kascht 17,95€ den Mount): https://www.kamer.nl/en/rent/in/eindhoven/
4) Kamers (just op hollänesch): https://www.kamers.nl/huren/eindhoven/
5) Kamereindhoven (leed een op Kamernet ëm): https://www.kamereindhoven.com/
Utrecht
1) SSH Student Housing: https://www.sshxl.nl/en/select-rent-offers
Venlo
1) CheckVenlo: https://www.checkvenlo.nl/en/studentroom-in-venlo
2) XIOR: https://www.xior.nl/en/
3) Lebe: https://lebecitycampus.nl/
4) Student Housing: https://studenthousingvenlo.nl/
5) StuWe: https://www.stu-we.com/properties/